Haut op engem 14. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert de brittesche Sänger Olly Murs säi 36. Gebuertsdag. A senger Heemecht ass hien am Joer 2009 duerch d’Casting-Show „The X Factor“ bekannt ginn, hien hat do di zweet Plaz beluecht. Zu senge bekanntste Lidder gehéieren „Dance With Me Tonight“, „Heart Skips A Beat“ oder „Dear Darlin’". An anscheinend schéngt den Olly Murs Casting-Shows wierklech gär ze hunn, zanter 2018 ass hien nämlech ee vun deene 4 Juroren vun The Voice UK.

An och den hollänneschen DJ a Produzent Martin Garrix feiert haut Gebuertsdag, hie kritt der 24. Säi groussen internationalen Duerchbroch konnt hien 2013 mam Song „Animals“ gefeiert. Duerno koume Lidder ewéi „Scared To Be Lonely“, „In The Name Of Love“ oder „High On Life“. D’lescht Joer am Oktober hat d’UEFA annoncéiert, datt de Martin Garrix dee musikalesche Partner vun der Fussball-EM 2020 géif ginn. De Garrix sollt nieft deem offizielle Lidd och d’Musek bei där d’Equippen alafen a fir d’Iwwerdroungen um Fernsee schreiwen. Och wann d’EM wéinst dem Coronavirus op d’nächst Joer verréckelt ginn ass, bleift d’Partnerschaft mam Martin Garrix bestoen.

Genee 20 Joer sinn et dann haut hier, datt den Tom Jones mat „Reload“ op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts stoung. Mat drop sinn ënnert anerem „Baby, It’s Cold Outside“ an natierlech „Sex Bomb“. Den Album sollt sech weltwäit méi ewéi 4 Millioune Mol verkafen.