Haut op engem 15. Mee...

Lauschtert eran!

Haut virun 31 Joer stoung den David Hasselhoff mat „Looking For Freedom“ fir 2 Wochen op der Plaz 1 vun de Singles-Charts an Éisträich. Och virun allem an Däitschland hat den Hasselhoff mat „Looking For Freedom“ groussen Erfolleg. Den Titel sollt et ganzer 8 Wochen op d’Eent an den Charts packen an den Album mam selwechten Numm sollt 89 de meescht-verkaaften Album an Däitschland ginn.

E groussen Dag ass dann haut fir alleguerten d’Green-Day-Fans. De 15. Mee 2009 huet d’Band ronderëm de Billy Joe Armstrong nämlech hiren 8. Studio-Album „21st Century Breakdown“ erausbruecht. Mat drop si Lidder ewéi „21 Guns“, „Last Night On Earth“ oder „Know Your Ennemy“. Am Joer drop sollt Green Day domat och de Grammy fir dee beschte Rock-Album gewannen. Dëst Joer am Februar hu Green Day schonn hiren 13. Studio-Album mam Titel „Father of All Motherfuckers“ erausbruecht.

9 Joer sinn et dann haut hier, datt de Bruno Mars mat sengem „The Lazy Song“ un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts stoung. „The Lazy Song“ war um Bruno Mars sengem Debut-Album „Doo-Wops & Hooligans“ drop. D’Lidd war no „Nothin’ on You“, „Just the Way You Are“ a „Grenade“ dem Museker säi 4. Nummer-1-Hit.