Haut op engem 16. Mee...

Lauschtert eran!

Um 16. Mee 1987 stounge U2 mam Lidd „With Or Without You“ fir am Ganzen 3 Wochen op der Plaz 1 an den amerikanesche Singles-Charts. Iwwert den Text gouf ëmmer vill spekuléiert, e bitt nämlech vill Interpretatiouns-Méiglechkeeten, ewéi zum Beispill Relioun oder Drogekonsum. An engem Interview huet de Bono awer eng Kéier confirméiert, datt et a „With Or Without You“ ëm d’Léift geet. De Song ass um 5. U2-Album „The Joshua Tree“ drop, deen dem Bono sengem gudde Kolleeg Greg Carroll gewidmet ass. „With Or Without You“ war di alleréischt Nummer-1-Single an den USA fir U2.

Haut feieren dann och nach eng Rëtsch Museker Gebuertsdag – ugefaange mam Kirstin Maldonado. D’Sängerin ass Member vun der A-capella-Grupp Pentatonix, mat där hatt 7 Alben erausbruecht an 3 Grammy-Awards gewonnen huet.

Och di kleng Schwëster vum Michael Jackson huet haut Gebuertsdag. D’Janet Jackson kritt 54 Joer. An och hatt huet eng immens erfollegräich Karriär absolvéiert a gehéiert mat iwwer 160 Millioune verkaafte Placken zu deenen erfollegräichsten Interpretinnen iwwerhaapt.

An 43 Joer kritt haut d’Emiliana Torrini. Di islännesch Sängerin ass ënnert anerem duerch seng Single „Jungle Drum“ bekannt.

23 Joer sinn et hier, datt de Rock im Park Festival fir di alleréischte Kéier zu Nürnberg stattfonnt huet. Deemools si Bands ewéi Kiss, Aerosmith, Die Ärzte oder Supertramp opgetrueden.