Haut op engem 17. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert eng däitsch Museks-Legend Gebuertsdag. Den Udo Lindenberg ass de 17. Mee 1946 zu Gronau a Westfalen op d’Welt komm, kritt also haut 74 Joer. Nodeems hie seng Karriär als Batteur ugefaangen hat, huet hie sech ufanks de 70er-Joren méi op de Gesang an op eege Lidder konzentréiert. Als ee vun deenen éischte Rock-Museker huet hien däitsch Texter presentéiert an huet dem däitsch-sproochege Rock domat zum groussen Duerchbroch verhollef. Zanterhier huet den Udo sech ëmmer méi zu enger féierender a prägender Perséinlechkeet an der Museks-Zeene entwéckelt. Am Laf vu senger Karriär huet de Lindenberg ganzer 36 Alben erausbruecht, mat deenen zwee leschten hat hien et esouguer op d’Eent an den däitschen Album-Charts gepackt: „Stark wie Zwei“ vun 2008 a „Stärker als die Zeit“ vun 2016.

Haut virun 21 Joer un der Spëtzt vun de Singles-Charts an Däitschland: D’Backstreet Boys mat „I Want It That Way“. Si konnte sech am Ganze fir 2 Woche ganz uewen halen.

An 12 Joer sinn et hier, datt de Kid Rock mam Lidd „All Summer Long“ fir 5 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. Et sollt 2008 och de Song vum Joer hei um Eldo ginn. De Kid Rock stoung an der lescht ëmmer erëm an der Kritik, well hien den US-President Donald Trump ëffentlech ënnerstëtzt huet. A sengem Web-Shop goufen et esouguer T-Shirts mat Trump-Motiv ze kafen.