Haut op engem 18. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 24 Joer hat de Michael Jackson et mat der Single „They Don’t Care About Us“ fir 2 Wochen op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. „They Don’t Care About Us“ war e weidere groussen Erfolleg fir de Michael Jackson. An alleguer den europäesche Länner hat hien et an d’Top 10 vun den Charts gepackt, an Tschechien, Däitschland, Ungarn, Italien an eben hei zu Lëtzebuerg esouguer op d’Eent.

Haut feiert den Jack Johnson säi 45. Gebuertsdag. Wat vill Leit net wëssen: Den Jack Johnson ass och Regisseur fir Surf-Filmer a surft och selwer. An esou huet u sech och seng musikalesch Karriär ugefaangen, hien huet nämlech Musek fir seng Filmer gebraucht an huet déi fir Suen ze spueren einfach selwer mat der Gittar opgeholl. Ufanks war hien doduerch virun allem an der Surfer-Zeen bekannt, mat Lidder ewéi „Flake“, „You And Your Heart“, „Better Together“ oder „Upside Down“ konnt hien dunn awer och den internationalen Duerchbroch feieren. Viru kuerzem huet den Jack Johnson zesumme mat där däitscher Formatioun Milky Chance den neie Song „Don’t Let Met Down“ erausbruecht.

A 35 Joer sinn et hier, datt d’Simple Minds mat der Single „Don’t You (Forget Me)“ un der Spëtzt vun den amerikanesche Billboard-Charts gepackt hat. D’Simple Minds waren eng schottesch Formatioun, déi 1978 zu Glasgow gegrënnt gi war. Hir grouss Zäiten hate si an den 80er- an 90er-Joren.