Haut op engem 19. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Sam Smith säin 28. Gebuertsdag. Direkt mat senger éischter eegener Single “Lay Me Down” an dem Lidd “La La La” mam Naughty Boy konnt hie säi groussen internationalen Duerchbroch feieren. 2016 huet de Smith en Oscar an e Golden Globe fir “Writing’s on the Wall” kritt, den Titel-Song vum 24. James-Bond-Film “Spectre”. Donieft huet hien och scho 4 Grammys gewonnen. U sech hätt de Sänger den 1. Mee säin neien Album “To Die For” sollten erausbréngen, mee hien huet dunn annoncéiert, datt verschidde Lidder nach eng Kéier iwwerschafft misste ginn an datt den Titel sech net richteg uspiere géif. De Sam Smith huet awer versprach, datt den Album mat deem neien Numm nach dëst Joer erauskomme soll.

14 Joer sinn et hier, datt de Clueso säin 3. Studio-Album “Weit Weg” erausbruecht huet. Mat drop ass ënnert anerem den Titel “Chicago”, mat deem hie bekannt gouf. Dem Clueso seng aktuell Single heescht “Sag mir was du willst”.

Den 19. Mee 2017 stoung den Harry Styles mat sengem self-titeled Debut-Album un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. Och mat där éischter Single-Auskopplung “Sign Of The Times” hat hien et op d’Eent a Groussbritannie gepackt. Mëttlerweil huet jidderee vun deene 4 Membere vun der Boy-Band OneDirection eng erfollegräich Solo-Karriär lafen. D’lescht Joer am Dezember huet den Harry Styles scho säin zweeten Album “Fine Line” erausbruecht.