Haut op engem 20. Mee...

Lauschtert eran!

Haut hätt den Joe Cocker säi 76. Gebuertsdag gefeiert. Hie war virun allem bekannt fir seng immens rau a krazeg Stëmm. Den 22. Dezember 2014 ass de Cocker u Longekriibs gestuerwen.

74 Joer kritt dann haut d’Musek-, Moud- a Schauspill-Ikon Cher. Si huet iwwer 200 Millioune Placke verkaaft an ass ausserdeem Emmy-, Grammy- a Golden-Globe-Präisträgerin.

An och den amerikanesche Rapper Busta Rhymes gëtt haut ee Joer méi al, hie kritt der 48. “We Made It” zesumme mat Linkin Park ass warscheinlech säi gréissten Hit. Nieft der Musek ass de Busta Rhymes virun allem ëmmer erëm duerch Skandaler opgefall.

13 Joer sinn et dann hir, datt den Jay-Z an d’Rihanna mat hirem gemeinsame Song “Umbrella” un der Spëtzt vun de Singles-Charts a Groussbritannie stoungen. Am Ganze fir 10 Woche konnte si sech ganz uewen halen. Fir “Umbrella” sollten d’Rihanna an den Jay-Z am Joer 2008 och e Grammy gewannen.

An haut viru 4 Joer op der Eent an Däitschland: Den Justin Timberlake mat “Can’t Stop The Feeling”. D’Lidd war den Titel-Song fir den DreamWorks-Animatiouns-Film “Trolls”. Och dem Timberlake seng aktuell Single “The Other Side” mam SZA ass de Sound-Track vun engem Film aus der “Trolls”-Rei: “Trolls World Tour”.