Haut op engem 21. Mee...

Lauschtert eran!

Den 21. Mee 1983 stoung den David Bowie mam Song „Let’s Dance“ un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts. Beim Lidd hat och de Blues-Gittarist Stevie Ray Vaughan matgewierkt. „Let’s Dance“ war dem Kënschtler säin éischten Hit, deen et esouwuel an Amerika ewéi och a Groussbritannien op d’Eent gepackt hat. Dem Bowie säi 15. Studio-Album mam selwechten Numm ass mat ronn 11 Millioune Sales säi meescht-verkaaften Album iwwerhaapt. Nieft "Let’s Dance“ sinn och nach „Modern Love“ an „China Girl“ do mat drop. De Longplayer war 1984 och fir e Grammy nominéiert, huet awer géint dem Michael Jackson säin „Thriller“ verluer.

Haut viru 15 Joer war den amerikanesche Museker Moby bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier. Hien huet deemools säin 8. Studio-Album „Hotel“ presentéiert, huet awer natierlech och seng grouss Hits ewéi „Porcelain“, „Why Does My Heart Feel So Bad?“, „Find My Baby“ oder „Natural Blues“ gespillt. Dem Richard Melville Hall, ewéi de Moby mat biergerlechem Numm heescht, säi Kënschtlernumm ass iwweregens ofgeleet vum Roman „Moby Dick“ aus dem Joer 1851, dee vu sengem Ur-Ur-Grousspapp Hermann Melville geschriwwe gi war.

3 Joer sinn et dann hier, datt den US-Rapper Logic mat sengem 3. Album „Everybody“ op der Plaz 1 an den amerikaneschen Album-Charts stoung. Um Album mat drop ass ënnert anerem den Titel „1-800-273-8255“ zesumme mam Alessia Cara an dem Khalid. Den Titel vum Lidd ass net iergendeng Zuel, et ass d’Nummer vun der amerikanescher National Suicide Prevention Lifeline. Am Song schwätzt de Logic nämlech d’Thema Suicide un an erzielt d’Geschicht vu Leit déi sech d’Liewe wollten huelen.