Haut op engem 22. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 27 Joer stoungen Ace of Base mam Titel „All That She Wants“ fir 3 Wochen op der Plaz 1 an de brittesche Single-Charts. Ace of Base waren eng schwedesch Pop-Grupp, déi virun allem an den 90er Joren hir grouss Erfolleger feiere konnten. Och a villen anere Länner sollt d’Band et mat “All That She Wants” un d’Spëtzt vun den Charts packen, dorënner Australien, Dänemark an d’Schwäiz. Den däitsche Rapper Kontra K huet iwweregens e Sample vum Song fir säi Lidd “Alles was sie will” gebraucht.

Genee 10 Joer sinn et dann hier, datt de kanadesch-somalesche Museker K’naan et mam Song „Wavin’ Flag“ fir 4 Wochen hannerteneen op d’Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt hat. D’Lidd war vum OneRepublic-Front-Mann Ryan Tedder produzéiert ginn a war ufanks 2010 als Song fir d’Fussball-WM 2010 bekannt ginn. Am Dezember 2012, zwee Méint no der Verëffentlechung vu sengem Album „Country, God Or The Girl“, ass an der New York Times en Artikel vum K’naan opgetaucht, an deem hie selwer seng nei Musek an d’Verännerung vu sengem Stil staark kritiséiert. Hien erkläert am Text, datt hie vu sengem Label ënner Drock gesat gouf, fir weiderhin Radio-tauglech Lidder ze produzéieren. Doduerch hätt hie seng eigentlech Wuerzelen, nämlech den Hip-Hop mat Afloss vun traditioneller Somali-Musek, komplett verluer. Zanterhier huet een net méi vill vum K’naan héieren.

An um 22. Mee 2018 huet den amerikanesche Rapper G-Eazy live hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Hien huet deemools säin Album „The Beautiful & Damned“ presentéiert.