Haut op engem 23. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Lena Meyer-Landrut säin 29. Gebuertsdag. 2010 ass d’Sängerin mat sengem Lidd “Satellite” bekannt ginn, mat deem hatt de Eurovision Song Contest fir Däitschland gewanne konnt. D’lescht Joer am Abrëll huet d’Lena säi 5. Studio-Album mam Titel “Only Love, L” erausbruecht. Ausserdeem sëtzt hatt och an der Jury vun der däitscher Editioun vun “The Voice Kids”.

Um 23. Mee 1999 stoung den Duo Shanks & Bigfoot un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts. Dat mat hirem éischte groussen Hit “Sweet Like Chocolate”. Am Ganze fir 2 Wochen konnte si sech ganz uewen halen. Shanks & Bigfoot, dat waren de Steven Meade an den Danny Langsman. “Sweet Like Chocolate” war hiren eenzege gréisseren Hit. Deenen zwee hir Karriär hat och net extra laang gedauert, no 4 Joer Musek maachen war schonn erëm Schluss.

9 Joer sinn et dann hir, datt d’Lady Gaga säin 2. Longplayer mam Titel “Born This Way” erausbruecht huet. Mat drop si Lidder ewéi “The Edge Of Glory”, “Born This Way”, “Hair” an “Judas”. Eleng an där éischter Woch hat den Album sech 2 Millioune Mol verkaaft. Gëschter huet d’Lady Gaga zesumme mam Ariana Grande di ganz nei Single “Rain On Me” erausbruecht. Nodeems de Release wéinst der Corona-Pandemie no hanne verréckelt gi war, soll nächste Freiden den 29. Mee dann och endlech der Sängerin säin neien Album “Chromatica” erauskommen.