Haut op engem 24. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Museks-Legend Bob Dylan säin 79. Gebuertsdag. Hie gëllt als ee vun deenen aflossräichste Museker aus dem 20. Joerhonnert. A senger Karräir huet hie 40 Alben erausbruecht an iwwer 100 Millioune Placke verkaaft. Zu senge groussen Hits zielen ”Lay Lady Lay” vun 1969 a  “Like A Rolling Stone”. De Bob Dylan huet schonn esou zimmlech all Präis gewonnen deen een als Museker gewanne kann, dorënner 10 Grammys an ee Golden Globe Award. Selbstverständlech ass hien och Deel vun der Rock and Roll an der Songwriters Hall of Fame. Am Joer 2016 krut den Dylan och den Nobelpräis an der Literatur.

Genee 45 Joer sinn et dann haut hier, datt Earth, Wind & Fire mat hirem Titel “Shining Star” un der Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts stoungen. Et war hiren eenzegen Nummer-1-Hit an den USA. Earth, Wind & Fire sinn eng Soul- a Funk-Band, déi 1969 vum Jazz-Batteur Maurice White zu Chicago gegrënnt gi war. Hir grouss Zäiten hat d’Band Enn de 70er- an an den 80er-Joren. Bekannt ware si virun allem fir hir faarweg an opwänneg Kostümer an hir aussergewéinleche Büne-Choreographien.

Um 24. Mee 1997 hat den US-Geschwëster-Trio Hanson et mat hirer Debut-Single “MMMbop” op d’Plaz 1 vun den Charts an hirer Heemecht gepackt. De Song ass wuel ee vun deene gréisste One-Hit-Wonders iwwerhaapt! De Song sollt och fir e Grammy Award an der Kategorie „Song vum Joer“ nominéiert ginn. D’Hansons-Geschwëster hunn als Band iwwer 16 Millioune Placke verkaaft.