Haut op engem 25. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 35 Joer stoungen d’Dire Straits mat hirem 2. Studio-Album “Brothers In Arms” op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts. Mat drop sinn direkt e puer vun hire groussen Hits, ënnert anerem “Walk of Life” oder “Money for Nothing”. Och a 25 anere Länner haten d’Dire Straits et mat “Brothers In Arms” op d’Eent an den Charts gepackt, dorënner d’USA, Däitschland an d’Schwäiz. Mat iwwer 30 Millioune Sales ass et gläichzäiteg deen erfollegräichsten Album vun der Band fir dee si och 2 Grammys gewanne konnten.

Op engem 25. Mee waren dann och nach zwee interessant Concerten hei zu Lëtzebuerg. Am Joer 2007 si Muse live an der Rockhal opgetrueden. Mat am Gepäck hate si hire 4. Album “Black Holes and Revelations”, ënnert anerem mam Titel “Supermassive Black Hole”. An 9 Joer méi spéit, um 25. Mee 2016, huet den Charlie Puth am Atelier gespillt. Zu deem Zäitpunkt war de Sänger schonn e groussen Numm, am Joer virdrun hat hie mat “See You Again” säin Duerchbroch gefeiert.

Duebel-Spëtzt fir d’Toten Hosen haut virun 8 Joer an Däitschland: Plaz 1 an den Album-Charts mat “Ballast der Republik” a gläichzäiteg Plaz 1 an de Singles-Charts mat “Tage Wie Diese”. Nieft den Ärzte sinn d’Toten Hosen eng vun deenen erfollegräichsten däitsche Bands mat Wuerzelen am Punk-Rock.