Haut op engem 26. Mee...

Lauschtert eran!

De 26. Mee 2001 stoungen S Club 7 mat hirer Single “Don’t Stop Movin” op der Plaz 1 an de brittesche Single-Charts. Ewéi den Numm et seet, waren S Club 7 zu 7 Museker vu Bournemouth. Gegrënnt gouf d’Grupp am Joer 1998. De Simon Fuller, deen och schonn de Spice Girls zu hirem Succès verhëllef hat, sollt hire Manager ginn.

Haut viru 14 Joer huet d’Nelly Furtado seng Single “Maneater” erausbruecht. D’Lidd war op der Sängerin hirem 3. Studio-Album “Loose” drop. D’Lidd huet di portugisesch-kanadesch Kënschtlerin zesumme mam Timbaland geschriwwen, doduerch ass d’Furtado och op de Goût vum Hip-Hop komm. Am Laf vu senger Karriär huet d’Kënschtlerin 6 Alben erausbruecht an huet 2002 och schonn e Grammy-Award gewonnen.

Gene 7 Joer sinn et dann hier, datt Daft Punk mat hirem 4. Longplayer “Random Access Memories” un der Spëtzt vun de UK-Album-Charts stoungen. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Giorgio by Moroder”, “Doin’ It Right”, “Lose Yourself to Dance” an natierlech “Get Lucky”. Mat deem Song sollten Daft Punk et an etleche Länner op d’Eent an den Charts packen, dorënner Australien, Dänemark, Frankräich oder Spuenien. Ausserdeem stoung d’Lidd 13 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an den US-Dance-Charts, zu deem Zäitpunkt en neie Rekord. An och Daft Punk waren an hirer Karriär bei de Grammys schonn erfollegräich, am Ganzen hu si 7 Präisser gewonnen. Daft Punk sinn iwweregens di eenzeg Museker, déi et gepackt hunn, hir Gesiichter bis haut net ëffentlech ze weisen. Bekannt sinn di zwee duerch hir charakteristesch Roboter-Masken.