Haut op engem 27. Mee...

Lauschtert eran!

Um 27. Mee 1994 hunn d’Eagles, no 14 Joer Paus, zu Burbank am US-Bundesstaat Kalifornien hir grouss Reunion op der Bün gefeiert. D’Show hat ronn zwou an eng hallef Stonne gedauert a sollt mam Song “Desperado” op en Enn goen. Perséinlechen Differenzen, Tour-Stress an Erfollegs-Drock hunn 1980 zur Opléisung vun den Eagles gefouert. Et koum esouguer esouwäit, datt et bei Optrëtter zu Handgräiflechkeeten ënnert de Band-Membere komm ass. Nodeems et an de Joren duerno ëmmer erëm Rumeure vun engem Comeback goufen, hunn d’Museker sech zesummegerappt an am Joer 94 erëm zesummefonnt. Haut gehéieren d’Eagles zu deenen erfollegräichsten amerikanesche Bands iwwerhaapt. Am Laf vun hirer Karriär hu si iwwer 200 Millioune Placke verkaaft an ënnert anerem 6 Grammys gewonnen. Natierlech sinn d’Eagles och Member an der Rock and Roll Hall of Fame.

8 Joer sinn et dann haut hier, datt di amerikanesch Indie-Pop-Band Fun an d’Janelle Monáe un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts stoungen. Dat mat hirem gemeinsame Song “We Are Young”. Den Titel sollt bei de Grammy Awards 2013 och de Präis fir de “Song vum Joer” gewannen.

Haut virun 3 Joer hunn Deep Purple live bei eis zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Si hunn deemools hiren 20. Studio-Album “Infinite” presentéiert a konnten op ganzer Linn iwwerzeegen. Dëst Joer kommen Deep Purple zeréck op Lëtzebuerg. Den 10. Oktober spille si an der Rockhal. Ob dee Concert dann um Enn och wierklech stattfënnt, dat bleift ofzewaarden.