Haut op engem 28. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 37 Joer stoung d’Irene Cara mam Titel “What A Feeling” fir ganzer 6 Wochen op der Plaz 1 an den amerikanesche Singles-Charts. D’Lidd war ee vun de Soundtracks vum Musek- an Danz-Film “Flashdance” vum Adrian Lyne. Fir “What A Feeling” sollt d’Irene Cara een Oscar an ee Grammy gewannen.

19 Joer sinn et hier, datt Atomic Kitten mat “Whole Again” un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts stoungen, dat am Ganze fir 5 Wochen. Atomic Kitten ass eng Pop-Girl-Group vu Liverpool, déi 1998 gegrënnt gouf. Am Laf vun hirer Karriär ware si ënnert anerem 4 Mol fir e BRIT-Award nominéiert an haten 3 Nummer-1-Hits an hirer Heemecht.

Genee haut virun engem Joer huet d’Online-Poker-Plattform PokerStars bei 1000 vun hiren europäesche User eng Ëmfro gemaach, wéi een dee beschte “Gambling Song” vun allen Zäite wier. Zur Auswiel stounge Lidder déi entweder am Titel oder an de Lyrics mat Poker verbonne waren. Gewonnen hat di brittesch Rock-Band Motörhead mat “Ace of Spades”. Direkt duerno op der Plaz 2 koum d’Lady Gaga mat sengem “Poker Face”.

An dann hu mir zum Schluss och nach zwee Gebuertsdeeg: D’Kylie Minogue kritt haut 52 Joer an di amerikanesch Singer/Songwriterin Colbie Caillat feiert seng 35.