Haut op engem 29. Mee...

Lauschtert eran!

Um 29. Mee 1962 haten zwee Klassiker bei de Grammy Awards e Präis gewonnen. Den amerikanesche Museker Chubby Checker hat de Grammy fir “Best Rock and Roll Recording” kritt. Dat mat sengem Song “Let’s Twist Again”.

Och de Ray Charles war 1962 bei de Grammys erfollegräich. Hien hat mat “Hit The Road Jack” de Präis fir “Best R&B Recording” gewonnen. Am Lidd geet et ëm e Sträit tëscht engem Sänger a senger Fra, déi hie virun d’Dier setze wëll. Och wann de gudde Mann probéiert seng Fra ëmzestëmmen muss hien um Enn seng Saache paken a senger Wee goen.

Haut virun 31 Joer stounge Roxette mat hirem Hit “The Look” fir ganzer 5 Wochen op der Plaz 1 an den däitsche Singles-Charts. D’Lidd war op hirem 2. Studio-Album “Look Sharp!” drop. Roxette, dat waren de Per Gessle an d’Marie Fredriksson, e Pop-Duo deen 1986 a Schwede gegrënnt gouf. Mat weltwäit iwwer 80 Millioune verkaafte Placken gehéiere Roxette zu deenen erfollegräichste Bands vun den 80er- an 90er-Joren. Nodeems d’Marie Fredriksson ufanks den 2000er schwéier krank gi war, huet d’Band missen eng Paus aleeën. 2011 hu Roxette dunn hire grousse Comeback gefeiert, well der Sängerin hir Krankheet awer erëm méi schlëmm ginn ass, hu si sech e puer Joer drop erëm zeréckgezunn. Dee leschte Concert hu si den 8. Februar 2016 zu Kapstadt a Südafrika gespillt. D’lescht Joer am Dezember ass d’Marie Fredriksson gestuerwen.

13 Joer sinn et dann hier, datt d’Arctic Monkeys hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt hunn. Di brittesch Band vu Sheffield hat deemools hiren 2. Studio-Album “Favourite Worst Nightmare” presentéiert.