Haut op engem 30. Mee...

Lauschtert eran!

Fir unzefänken hu mir am On That Day vun haut zwou skurril Geschichten:

All d’Sécherheetsmoossnamen haten näischt gehollef! 15 Joer ginn et haut, datt deen 3. Coldplay-Album „X&Y“ eng Woch virum offizielle Release geleaked gouf. Dobäi haten d’Museker u sech alles gemaach, datt dat net geschéie sollt. Si haten esou mann wéi méiglech Prouwen u Journalisten erausgeschéckt an déi Kopien, déi awer verschéckt goufen, haten e falschen Numm. An trotzdeem ass den Album ze fréi am Netz opgetaucht. Op „X&Y“ si Lidder ewéi „Talk“, „Fix You” a “Speed Of Sound” drop. Trotz dem Leak ass den Album gutt bei de Fans an de Kritiker ukomm. E sollt sech iwwer 13 Millioune Mol verkafen a war domat 2005 dee meescht-verkaaften Album vum Joer.

Et kann een och emol engem Mega-Star Nee soen! Dat huet de Mick Jagger haut virun 10 Joer ze spiere kritt. Hie wollt e Glace-Won kafen an hätt dofir natierlech och genuch op den Dësch geluecht. Ma de Besëtzer war dorun absolutt guer net interesséiert. Deen hat nämlech 10 Joer domat verbruecht de Won ze restauréieren. De Mann hat de Won an engem Héngerstall fonnt a schonn deemools senger Duechter versprach, hatt domat op seng Hochzäit ze féieren. Hätt hien de Won verkaf, wier dat net méi méiglech gewiescht. Do kritt dann och mol e Rolling Stone Sänger nee gesot, och wann de Mick Jagger 100.000£ gebueden hat.

Haut viru 15 Joer hunn d’Backstreet Boys hire Song “Incomplete” an Däitschland erausbruecht. Et war hir éischt Single zanterdeem d’Band decidéiert hat erëm zesumme Musek ze maachen.