Haut op engem 31. Mee...

Lauschtert eran!

Op engem 31. Mee stounge lauter grouss Klassiker ganz fir an den Charts.

Haut ginn et genee 40 Joer, datt di amerikanesch Disco-Formatioun Lipps Inc. mat hirem “Funkytown” un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts stoung. D’Lidd war dee gréissten Erfolleg vun der Band. Nieft den USA hate Lipps Inc. et mat “Funkytown” nach a ganzer 27 anere Länner ganz uewen an d’Charts gepackt.

12 Joer méi spéit, den 31. Mee 1992, stounge Snap mat “Rhythm Is A Dancer” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an Éisträich. D’Lidd gëllt als éischte groussen Hit vun der Eurodance-Zäit. No “The Power” aus dem Fréijoer 1990 war “Rhythm Is A Dancer” deen zweeten Erfolleg fir di zwee Frankfurter Produzenten Michael Münzing a Luca Anzilotti. Fir de Song sollte Snap 1993 och en Echo an der Kategorie “Single National/International” gewannen.

21 Joer sinn et dann haut hier, datt de Lou Bega mat sengem “Mambo No. 5” fir ganzer 11 Wochen hannerteneen op der Eent an den däitsche Single-Charts stoung. Gemooss um Welt-Ëmsaz ass de Summer-Hit vun 99 di erfollegräichst däitsch Musek-Produktioun vun allen Zäiten. Duerch säin immensen Erfolleg mam “Mambo No. 5” gëtt de Lou Bega dacks als One-Hit-Wonder bezeechent a wouergeholl. De Museker ass vun esou Aussoen awer net extra begeeschtert. Hie seet, datt natierlech all anere Song nieft “Mambo No. 5” e Mësserfolleg wier.