Haut op engem 1. Juni...

Lauschtert eran!

Um 1. Juni 1984 stounge Queen mat “I Want To Break Free” fir 4 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 vun de Singles-Charts an Éisträich. De Song war um 11. Queen-Studio-Album “The Works” drop a war op där ganzer Welt e groussen Erfolleg. Anescht ewéi vill Leit mengen gëtt de Solo an der Mëtt vum Lidd iwweregens net vun enger Gittar, mee vun engem Synthesizer gespillt.

Haut virun 18 Joer hat de Ronan Keating et mat sengem 2. Studio-Album “Destination” un d’Spëtzt vun de britteschen Album-Charts gepackt. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “If Tomorrow Never Comes”, “I Love It When We Do”, “We’ve Got Tonight” an natierlech “Lovin’ Each Day”. De Ronan Keating ass an den 90er-Joren als Member vun der irescher Grupp Boyzone bekannt ginn. 1999 huet hien awer och eng eege Karriär ugefaangen. Am Ganzen huet de Keating als Solo-Artist 10 Alben erausbruecht an iwwer 20 Millioune Placke verkaaft. An och haut ass de Sänger vun Dublin nach ëmmer aktiv, dëse Summer kënnt säi mëttlerweil 11. Album “Twenty Twenty” eraus.

A 6 Joer sinn et dann hier, datt de Rowan John Harrington, warscheinlech besser bekannt ënnert sengem Stage-Numm “Secondcity”, et mat der Single “I Wanna Feel” op d’Plaz 1 an de britteschen Charts gepackt hat. De Secondcity ass e britteschen DJ a Produzent, “I Wanna Feel” war bis elo säin eenzege groussen Erfolleg.