Haut op engem 2. Juni...

Lauschtert eran!

Op engem 2. Juni waren dräi gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg:

2009 hu Billy Talent live am Atelier gespillt. D’Band war deemools mat hirem 3. Album “Billy Talent lll” ronderëm d’Welt ënnerwee. Am Ganzen hate si op der Tour 154 Shows gespillt. Virun enger Woch hätte Billy Talent sollten an der Luxexpo The Box optrieden, de Concert gouf jo bekanntlech awer ofgesot.

Um 2.06.2011 waren 3 Doors Down bei eis am Grand-Duché an 2017 huet den James Arthur an engem ausverkaaften Atelier gespillt. Och den James Arthur hätt dëst Joer sollten zeréck op Lëtzebuerg kommen, wéinst enger OP hat de Concert am Februar awer missen ofgesot ginn.

13 Joer sinn et hier, datt Maroon 5 mat hirem 2. Studio-Album “It Won’t Be Soon Before Long” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts stoungen. Mat drop si Lidder ewéi “Makes Me Wonder”, “Goodnight Goodnight”, “Won’t Go Home Without You” oder “Wake Up Call”. “It Won’t Be Soon Before Long” war deen éischten Album mat deem neien Drummer Matt Flynn. Hien hat am September 2006 de Ryan Dusick ersat, well dee mat Schëller-Problemer ze kämpfen hat.

An haut virun 3 Joer huet di däitsch Band Kraftklub hiren 3. Album “Keine Nacht für Niemand” erausbruecht. De Kraftklub-Front-Mann Felix Kummer huet d’lescht Joer am Hierscht e Solo-Album mam Titel “Kiox” erausbruecht.