Haut op engem 3. Juni...

Lauschtert eran!

Op engem 3. Juni waren zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. Haut virun 8 Joer waren hunn d’Ting Tings live am Atelier gespillt. De Batteur Jules De Martino an d’Sängerin Katie White sinn en englesche Pop-Duo, zu hiren Hits zielen “That’s Not My Name” an “Shut Up & Let Me Go”.

5 Joer méi spéit, um 3.06.2017 ware Welshly Arms bei eis an der Rockhal. Deemools war di amerikanesch Band vu Cleveland virun allem duerch hire Song “Legendary” bekannt a konnten de lëtzebuerger Public iwwerzeegen.

Hard-Rocker feieren hir gréissten Hits mat Balladen, dat gelt och fir d’Scorpipns. Haut virun 29 Joer stoung di däitsch Formatioun mat “Wind of Chance” fir ganzer 11 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an Däitschland. Mat iwwer 110 Millioune verkaafte Placken a 50 Joer Bünen-Erfarung gehéieren d’Scorpions zu deene gréisste Bands aus der Museksgeschicht. 2009 gouf d’Band mat engem Echo fir hiert Liewenswierk geéiert. “Wind of Change” war 91 di erfollegräichste Single vum Joer an och dee meescht-gespillte Song am Radio.

24 Joer sinn et dann hier, datt Los Del Rio mat hirem Welt-Hit “Macarena” fir 4 Wochen un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts stoungen – och haut nach ëmmer e Klassiker op all Party. Och den Danz zum Lidd dierft bal jidderengem bekannt sinn, dee war iwweregens 1996 an enger spuenescher Danz-Schoul entstanen. Fir Los Del Rio war et natierlech schwéier no deem risegen Erfolleg nozeleeën, et sollt hinnen um Enn och net geléngen. Dofir gëlle si haut als One-Hit-Wonder.