Haut op engem 4. Juni...

Lauschtert eran!

37 Joer sinn et hier, datt The Police mam Titel “Every Breath You Take” fir 4 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoungen. D’Lidd war op hirem 5. a leschte Studio-Album “Synchronicity” drop a gläichzäiteg hire 5. a leschten Nummer-1-Hit. Bei de Grammy Awards 1984 sollten de Sting a seng Band fir “Every Breath You Take” am Ganzen zwee Präisser gewannen, dee fir “Song of the Year” an dee fir “Best Pop Performance”. An de Lyrics geet et ëm eng Bezéiung an där di eng Säit hire Partner op Schratt an Tratt kontrolléiert. Eegenen Aussoen no huet de Sting de Song a just enger hallwer Stonn komplett fäerdeg geschriwwen an hätt dobäi u Big Brother an Iwwerwaachung missten denken.

Um 4. Juni 1984 huet de Bruce Springsteen säi 7. Studio-Album “Born in the USA” erausbruecht. Et ass mat Ofstand dem “Boss” säin erfollegräichsten Album. “Born In The USA” hat sech ënnert anerem a senger Heemecht, a Groussbritannien an och an Däitschland wochelaang op der Eent an den Charts gehalen. An den USA war de Longplayer esouguer ganzer 139 Wochen an den Charts vertrueden an huet sech iwwer 15 Millioune Mol verkaaft. Ausserdeem haten di 7 Single-Auskopplungen Top-10-Placéierungen erreecht.

An haut viru 26 Joer stoung de Seal mat sengem Self-Titeled-Debut-Album un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. Mat drop sinn ënnert anerem d’Tracks “Future Love Paradise”, “The Beginning” a “Crazy”. Am Laf vu senger Karriär huet de Seal 10 Studio-Alben erausbruecht, konnt 2 Nummer-1-Hits feieren an huet etlech Präisser gewonnen, dorënner 3 BRIT-Awards a 4 Grammys.