Haut op engem 5. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Berliner DJ a Produzent Alle Farben säi 35. Gebuertsdag. De Frans Zimmer, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, wollt u sech Moler ginn, hat d’Opname-Prüfung op der UdK zu Berlin awer net gepackt. Duerno huet hien eng Ausbildung zum Graphikdesigner ugefaangen, déi hien awer no annerhallwem Joer erëm ofgebrach huet. Zanter 2009 konzentréiert den Zimmer sech op d’Musekproduktioun. Inspiréiert vum Kënschtler Friedensreich Hundertwasser huet hie sech ufanks “Hundert Farben” genannt, méi spéit huet hie säi Kënschtlernumm awer an “Alle Farben” ëmbenannt. Den Alle Farben hat schonn eng ganz Rëtsch gréisser Hits, dorënner “Walk Away” mam James Blunt oder aktuell “As Far As Feelings Go” mam Justin Jesso.

Genee 20 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Bomfunk MC’s mam Titel “Freestyler” un der Spëtzt vun den däitschen Singles-Charts stoungen. D’Lidd war op hirem Debut-Album “In Stereo” drop. Nieft Däitschland hate si et och nach an iwwer 10 anere Länner op d’Eent gepackt. D’Bomfunk MC’s dat waren den Ismo Lappalainen alias DJ Gismo an de Raymond Ebanks alias B.O.W. (Brother of Words) – eng Elektro-Hip-Hop-Grupp vun Helsinki. “Freestyler” sollt awer hiren eenzege groussen Erfolleg bleiwen, déi Alben a Singles duerno hate just nach Succès an hirer Heemecht Finnland.

Haut viru 4 Joer huet de Rock am Ring misste wéinst schwéieren Onwiederen ofgebrach ginn. Heftege Reen hat de Festivals-Terrain bannent kuerzer Zäit an e grousst Bullis-Feld verwandelt an duerch de Stuerm goufen etlech Zelter zerstéiert. Am Ganze goufen 71 Visiteure blesséiert. Haut hätt dann u sech och sollten d’Editioun 2020 vum Rock am Ring ufänken, aus bekannte Grënn ass déi awer natierlech ofgesot.