Haut op engem 6. Juni...

Lauschtert eran!

Um 6. Juni 1987 stoung d’Whitney Houston mat “I Wanna Dance With Somebody” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts. Et war am Ganze säin zweeten Nummer-1-Hit a Groussbritannien. Och an 13 anere Länner hat d’Houston et mam Lidd ganz uewen an d’Charts gepackt. Am Joer drop sollt d’Sängerin mat “I Wanna Dance With Somebody” e Grammy an der Kategorie “Best Female Pop Vocal Performance” gewannen. D’Lidd gëllt als e Meilesteen am Whitney Houston senger Karriär, no “I Will Always Love You” ass et säin zweet-erfollegräichste Song.

Zwou Nummer Eenten aus eisem Eldoradio Chartbreaker:
11 Joer sinn et hier, datt Green Day mat “Know Your Enemy” d’Klassement fir 1 Woch ugefouert hunn. D’Lidd ass op der Band hirem 8. Longplayer “21st Century Breakdown” drop.

A 6 Joer méi spéit, um 6.06.2015, hat de Martin Solveig et ganz uewen an den Eldo Chartbreaker gepackt, dat mat sengem Song “Intoxicated”. Nodeems hien eng Paus vun 2 Joer ageluecht hat, war “Intoxicated” dem franséischen DJ säi Comeback an déi international Zeene.

5 Joer sinn et dann hier, datt d’Twenty One Pilots mat “Blurryface” un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts stoungen. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Fairly Local”, “Ride”, “Stressed Out” a “Lane Boy”. Di aktuell Single vun den Twenty One Pilots heescht “Level of Concern”. Den Josh Dunn an den Tyler Joseph hunn d’Lidd wärend der Corona-Quarantän geschriwwen a viru kuerzem och e richteg coole Video dozou erausbruecht.