Haut op engem 7. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Sir Tom Jones säi ronnen 80. Gebuertsdag. De Mann mat der onverkennbarer Stëmm hätt u sech sollten dëst Joer zeréck bei eis op Lëtzebuerg kommen. Wéinst dem Coronavirus gouf säi Concert awer elo op de 6. Juli 2021 verluecht.

21 Joer sinn et hier, datt d’Red Hot Chili Peppers hire legendären Album “Californication” erausbruecht hunn. Mat drop sinn ënnert anerem d'Songs “Scar Tissue”, “Around The World”, “Otherside” an natierlech den Titel-Track. An der Biographie vun alleguer de Red-Hot-Chili-Peppers-Museker stellt “Californication” e Wendepunkt duer. Zum Zäitpunkt vum Release hate si nämlech alle véier hir jorelaang Drogesucht iwwerwonnen.

De 7. Juni ass en trauregen Dag fir alleguerten d’Modern-Talking-Fans. Haut viru 17 Joer hunn den Dieter Bohlen an den Thomas Anders sech nämlech endgülteg getrennt. Déi zwee Museker hate sech schonn 1987 eng Kéier getrennt. Duerno hat d’Plackefirma ëmmer erëm probéiert e Best-Of-Album erauszebréngen. Den Dieter Bohlen huet sech awer dogéint gewiert an huet 98 amplaz proposéiert e ganz neien Album opzehuelen a Modern Talking erëm ze beliewen. Bis 2003 ass dat du gutt gaangen, bis de Bohlen an den Anders sech esou zerstridden haten, datt hir gemeinsam Karriär duerno eriwwer war.

An um 7. Juni 2004 stoung d’Boy-Grupp O-Zone mat hirem Mega-Hit “Dragostea din tei” un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts, dat fir ganzer 14 Wochen. Et war domat déi erfollegräichste Single vum Joer an Däitschland. “Dragostea din tei” sollt awer deen eenzege groussen Hit vun O-Zone bleiwen.