Haut op engem 8. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Kanye West säin 43. Gebuertsdag. Hie gëllt als ee vun deenen aflossräichste Museker aus dem 21. Joerhonnert, wat d’Entwécklung vum Hip-Hop a vum Pop ugeet. Eleng an den USA huet hien iwwer 60 Millioune Placke verkaaft. De Kanye West verdéngt iwweregens och net schlecht, d’Wirtschaftszeitung Forbes huet säi Verméigen op 1,3 Milliarden US-Dollar geschat. Nieft der Musek ass hien och nach fir seng kontrovers Aussoen an ëffentlech Optrëtter bekannt.

18 Joer sinn et dann hier, datt d’Goo Goo Dolls mat “Here Is Gone” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen.

An 11 Joer duerno, um 8.06.2013, haten den Naughty Boy an de Sam Smith et mat “La La La” och fir 2 Wochen op d’Eent gepackt. Am Ganzen a 26 Länner stoungen di zwee Museker mam Song ganz uewen an den Charts. D’Lidd war um Sam Smith sengem Debut-Album “In The Lonely Hour” drop, mat deem hie säi groussen Duerchbroch feiere konnt a bei de Gammy Awards 2015 4 Präisser ofraume konnt.

An haut virun 8 Joer ass di schwedesch Musekerin Loreen mat sengem Titel “Euphoria” direkt vun der 0 op d’Eent an di däitsch Singles-Charts erageklommen. D’Loreen hat 2012 mat deem Lidd de Eurovision Song Contest zu Baku gewonnen.