Haut op engem 9. Juni...

Lauschtert eran!

Den 9. Juni 1986 hunn Genesis hiren 13. Studio-Album “Invisible Touch” erausbruecht. No “We Can’t Dance” ass et mat iwwer 15 Millioune Sales deen zweet-erfollegräichsten Album vun der Band. Viru kuerzem huet d’Kult-Band ronderëm de Phil Collins hire Comeback annoncéiert, Enn dës Jores solle si op grouss UK-Tour goen. Aus gesondheetleche Grënn kann de Collins awer net méi als Haapt-Batteur optrieden, hie gëtt vu sengem Bouf dem Nicholas ënnerstëtzt.

Genee 30 Joer sinn et haut hier, datt den MC Hammer mat sengem “Please Hammer, Don’t Hurt ‘Em” op der Plaz 1 an den amerikaneschen Album-Charts stoung. Hie konnt sech fir ganzer 21 Wochen un der Spëtzt halen, zu deem Zäitpunk absolutte Rekord. Um Album mat drop sinn “Have You Seen Her”, “Here Comes the Hammer” an natierlech “U Can’t Touch This”. “Please Hammer, Don’t Hurt ‘Em” sollt sech weltwäit ronn 18 Millioune Mol verkafen. Et ass domat ee vun deenen erfollegräichste Rap-Alben aus der Museksgeschicht. Fir d’Single “U Can’t Touch This” soll den MC Hammer bei de Grammy Awards 1991 de Präis an der Kategorie “Best Rap Solo Performance” gewannen.

14 Joer sinn et dann hier, datt d’Nelly Furtado säin 3. Studio-Album “Loose” erausbruecht huet. Mat drop sinn d’Titelen “All Good Things (Come To An End)”, “Say It Right” a “Maneater”. Ënnert anerem an Éisträich, der Schwäiz a Kanada hat d’Sängerin et mat “Loose” un d’Spëtzt vun den Charts gepackt. An Däitschland stoung den Album esouguer ganzer 8 Wochen op der Eent, et war domat deen erfollegräichsten Album vum Joer.