Haut op engem 10. Juni...

Lauschtert eran!

Haut ass den amerikanesche Museker Ray Charles 16 Joer dout. Hien ass den 10. Juni 2004 am Alter vun 73 Joer u Longekriibs gestuerwen. Zu senge bekanntste Lidder zielen “I Got A Woman”, “Georgia On My Mind”, “Hit The Road Jack” oder “I Can’t Stop Loving You”. De Ray Charles war ee vun deenen aflossräichste Museker am Beräich Soul, R&B a Country. Am Laf vu senger Karriär huet hie 17 Grammy-Awards gewonnen a knapps 100 Millioune Placke verkaaft.

Haut viru genee 45 Joer hunn d’Eagles hire 4. Studio-Album “One of These Nights” erausbruecht. Et sollt hiren alleréischten Nummer-1-Album ginn an och d’Single-Auskopplunge waren erfollegräich. Den Titeltrack hat et esouguer och un d’Spëtzt vun den US-Charts gepackt. “One of These Nights” huet deen endgültegen Duerchbroch vun den Eagles an den USA markéiert an huet si och weltwäit berüümt gemaach. Am ganzen huet di amerikanesch Rock-Band iwwer 200 Millioune Placke verkaaft a 6 Grammys gewonnen. Hiren “Hotel California” ass ee vun deenen erfollegräichste Lidder aus der Rock-Geschicht an hire Greatest-Hits-Album vun 71 bis 75 ass ee vun deene meescht-verkaaften Albe vun allen Zäiten.

An den 10. Juni 2016 stoung de franséischen DJ Kungs op der Plaz 1 an den däitsche Singles-Charts, dat mam Song “This Girl”. D’Lidd kënnt am Original vun der australescher Band Cookin’ on 3 Burners. Nieft “This Girl” konnt de Kungs och nach mat Lidder ewéi “I Feel So Bad” an “Don’t You Know” grouss Erfolleger feieren.