Haut op engem 11. Juni...

Lauschtert eran!

Um 11. Juni 1966 haten d’Rolling Stones et mat “Paint It Black” fir 2 Wochen op d’Plaz 1 an den US-Singles-Charts gepackt. Et war der Band hiren 3. Nummer-1-Hit an den USA. Och a Groussbritannie sollt de Song et ganz uewen an d’Charts packen. Och wann d’Credits vu “Paint It Black” just dem Mick Jagger an dem Keith Richards zougeschriwwe goufen, waren u sech alleguer d’Band-Memberen un der Entsteeung bedeelegt. Charakteristesch fir de Song ass dat markant, orientalescht Sitar-Riff vum Brian Jones – d’Sitar ass e Gittar-änlecht Instrument aus Indien. Am Lidd geet et ëm e Mann, deen ëm seng verstuerwe Frëndin trauert.

11 Joer méi spéit, um 11. Juni 1977, hate KC & The Sunshine Band et mat “I’m Your Boogie Man” op d’Eent an den amerikanesche Singles-Charts gepackt. Zu deem Zäitpunkt ware si no The Jackson Five eréischt déi zweet Band déi véier Nummer-1-Hits an den USA erreecht hat. KC & The Sunshine Band waren eng Disco-Band vu Miami am US-Bundesstaat Florida. Si hu kontinuéierlech aus 7 bis 11 Membere bestanen, de Kär vun der Grupp waren d’Produzenten a Songwriters Harry Wayne Casey, Spëtznumm: KC, an de Richard Finch. Nieft “I’m Your Boogie Man” konnte si och ënnert anerem nach mat “That’s The Way (I Like It)”, “Shake Your Body” a “Please Don’t Go” grouss Erfolleger feieren.

An haut viru 24 Joer war dee legendäre Concert vu Bon Jovi zu Beetebuerg um Krakelshaff. D’Band huet deemools hire 6. Studio-Album “These Days” presentéiert. D’These Days Tour hat bal annerhalleft Joer gedauert, am Ganzen hu Bon Jovi 133 Optrëtter op 6 Kontinenter gespillt.