Haut op engem 12. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Klaus Badelt säin 53. Gebuertsdag. Hien ass en däitsche Komponist, dee sech op Fernsee- a Filmmusek spezialiséiert huet. Säin Duerchbroch huet hie mam Simon Wells sengem Science-Fiction-Film “The Time Machine” aus dem Joer 2002 gepackt. Dem Badelt seng bekanntste Realisatioun ass awer mat Ofstand d’Wierk zu der “Fluch der Karibik”-Rei, déi hien an Zesummenaarbecht mam Hans Zimmer geschriwwen huet. De Klaus Badelt hat 2008 och déi grouss Éier d’Musek fir d’Ofschloss-Zeremonie vun den Olympesche Spiller zu Peking ze schreiwen.

Um 12. Juni 1982 stounge Human League mat “Don’t You Want Me” fir ganzer 4 Wochen op der Plaz 1 an den US-Singles-Charts. Et ass bis haut dee gréissten Erfolleg vun der Band. D’Lidd ass op deem 3. Human-League-Album “Dare!” drop. Ewéi Human League “Don’t You Want Me” verëffentlecht hunn, hate si u sech guer net mat deem groussen Erfolleg gerechent. Zum Erstaune vun der New-Wave-Band sollt den Titel et och den USA ganz uewen an d’Charts packen an 82 weltwäit e groussen Hit ginn.

9 Joer sinn et dann haut hier, datt de brittesche Sänger a Rapper Example mat “Changed The Way You Kiss Me” un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts stoung. Am Abrëll vun dësem Joer huet den Example säi mëttlerweil 7. Album “Some Nights Last for Days” erausbruecht, op deem hien zeréck bei seng Hip-Hop-Wuerzele kënnt. Esou vill Opmierksamkeet ewéi mat “Changed The Way You Kiss Me” huet hien no 2011 awer ni méi kritt.