Haut op engem 13. Juni...

Lauschtert eran!

Um 13. Juni 1995 huet d’Alanis Morissette säin 3. Studio-Album “Jagged Little Pill” erausbruecht. De Longplayer sollt sech iwwer 30 Millioune Mol verkafen an huet d’Sängerin zu där éischter Kanadierin mat engem Nummer-1-Album an den USA gemaach. Mat drop si Lidder ewéi “You Oughta Know”, “Hand In My Pocket”, “You Learn” an “Ironic”. Am Joer duerno huet d’Morissette fir “Jagged Little Pill” 2 Grammy Awards gewonnen. Um Album hat och ënnert anerem de Red-Hot-Chili-Peppers-Bassist Flea matgewierkt.

Haut viru 17 Joer hunn d’Arctic Monkeys am The Grapes Pub an hirer Heemechtsstad Sheffield hire Live-Debut gefeiert. De Revenu vun den Ticketen huet sech deemools op ganzer 27$ belaf.

5 Joer sinn et dann haut hier, datt de schwedesch-iranesche Museker XOV mat “Lucifer” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. Den Damian Ardestani, ewéi den XOV mat biergerlechem Numm heescht, ass a senger Jugend an d’Kriminalitéit eragerutscht ass duerno awer bei säi Monni an d’USA geplënnert, fir säi Liewen erëm op d’Rei ze kréien. Am Alter vu 16 Joer huet hien dunn ugefaange senger grousser Leidenschaft der Musek nozegoen.

A virun 3 Joer ass d’Anita Pallenberg gestuerwen. D’Madame war keng Musekerin, mee huet als Model a Schauspillerin geschafft a war bekannt fir seng Relatioune mat direkt e puer vun de Rolling-Stones-Museker. Deemno war d’Pallenberg an de 60er-Jore fir d’éischt mam Ex-Gittarist Brian Jones zesummen, huet duerno 3 Kanner mam Keith Richards kritt an hat Rumeuren no och nach eng Affär mam Mick Jagger.