Haut op engem 14. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Boy George säin 59. Gebuertsdag. De brittesche Museker ass an de fréien 80er-Joren als Sänger vun der Band Culture Club weltwäit bekannt ginn. Op Grond vu sengem extravaganten Optrieden a sengem androgyne Kleedungsstil ass hien zu engem groussen Idol vun der Moude-Beweegung New Romantic avancéiert. De Boy George huet seng ganz Karriär laang ni e Geheimnis aus senger Homosexualitéit gemaach. Nodeems seng Bezéiung mam Culture-Club-Batteur Jon Moss op en Enn gaange war ass hien an d’Drogen ofgestierzt. Och an de Joren duerno ass den George ëmmer erëm duerch Skandaler opgefall. Zanter 2016 sëtzt hien an der Jury vun der australescher Editioun vun der Casting-Show “The Voice” an ass och nach ëmmer selwer musikalesch aktiv. Nach dëst Joer soll säin neien Album mam Titel “Geminis Don’t Read The Manual” erauskommen.

Op engem 14. Juni stoungen dann 3 Klassiker ganz fir an den Charts.

1992 war et den Dr. Alban, dee mat “It’s My Life” fir 6 Wochen d’Singles-Charts an Éisträich ugefouert huet.

5 Joer méi spéit, um 14.06.2020, stoungen de Puff Daddy, d’Sängerin Faith Evans an d’Band 112 un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts. Fir ganzer 11 Wochen konnt d’Rap-Ballad sech uewen halen.

An haut viru 17 Joer haten Evanescence an de Paul McCoy et mam Titel “Bring Me To Life” op d’Eent a Groussbritannie gepackt. Bei de Grammy-Awards 2004 sollt d’Kollaboratioun de Präis an der Kategorie “Best Hard Rock Performance” gewannen.