Haut op engem 15. Juni...

Lauschtert eran!

Um 15. Juni 1982 stoungen Trio mat hirem Welt-Hit “Da Da Da” fir 4 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an den éisträichesche Singles-Charts. “Da Da Da” war ee vun de gréisste kommerziellen Erfolleger vun der Neuen Deutschen Welle.

Haut virun 31 Joer hunn Nirvana hiren Debut-Album “Bleach” erausbruecht. D’Band gouf 1987 vun deenen zwee Schoul-Kolleege Kurt Cobain a Krist Novoselic gegrënnt. Nirvana huet der Grunge-Beweegung ugehéiert, e Genre dee sech an den 80er-Joren zu Seattle entwéckelt huet an deem seng Popularitéit rasant gewuess ass. Am September 91 huet den Trio ronderëm de Kurt Cobain hire legendären Album “Nevermind” mat Lidder ewéi “Come As You Are” oder “Smells Like Teen Spirit” erausbruecht. E gutt halleft Joer nom Release vun hirem 3. Album “In Utero” huet de Cobain sech a sengem Haus zu Seattle d’Liewe geholl. Et sollt d’Enn vun där éischter Boom-Phase vum Grunge markéieren an och de Schluss fir d’Band Nirvana bedeiten.

15 Joer sinn et dann hier, datt Coldplay mat hirem 3. Studio-Album “X&Y” un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts stoungen. Skurril: Den Album war eng Woch virum offizielle Release geleaked ginn. Dobäi haten d’Museker u sech alles gemaach, datt dat net geschéie sollt. Si haten esou mann wéi méiglech Prouwen u Journalisten erausgeschéckt an déi Kopien, déi awer verschéckt goufen, haten e falschen Numm. An trotzdeem ass den Album ze fréi am Netz opgetaucht. Op „X&Y“ si Lidder ewéi „Talk“, “Speed Of Sound” a „Fix You” drop. Trotz dem Leak ass den Album gutt bei de Fans an de Kritiker ukomm. E sollt sech iwwer 13 Millioune Mol verkafen a war domat 2005 dee meescht-verkaaften Album vum Joer.