Haut op engem 16. Juni...

Lauschtert eran!

Haut hätt den Tupac Shakur säin 49. Gebuertsdag gefeiert. Den amerikanesche Rapper war ee vun den Haapt-Acteuren am legendären East-Coast- / West-Coast-Konflikt. No engem Box-Kampf vum Mike Tyson zu Las Vegas war den 2Pac de 7. September 1996 a sengem Auto ugeschoss ginn. 6 Deeg duerno sollt hien u senge am Spidol u senge Blessure verscheeden. Zu senge gréissten Erfolleger zielen “Changes”, “Dear Mama” oder “California Love”.

Gebuertsdag feiert dann den John Newman. De brittesche Sänger ass 2012 mat de Lidder “Feel The Love” an “Not Giving In” bekannt ginn a krtt haut 30 Joer.

Op engem 16. Juni goufen et dann zwou däitsch Nummer Eenten an eisem Eldoradio Chartbreaker:
2007 stoungen Die Fantastischen Vier mat “Einfach Sein” fir 1 Woch op der Plaz 1.

A 5 Joer méi spéit, um 16.06.2012, waren et Kraftklub, déi et un d’Spëtzt vun eisem Eldo Chartbreaker gepackt haten. Dat mat hirem Song “Kein Liebeslied”. Et war déi 3. Single-Auskopplung aus dem Kraftklub-Debut-Album “Mit K”.

An 3 Joer sinn et haut hier, datt déi US-amerikanesch Indie-Rock-Band Portugal. The Man hiren 8. a bekanntsten Album “Woodstock” erausbruecht hunn. Mat drop ass ënnert anerem den Titel “Feel It Still”, en Nummer-1-Hit an 18 Länner an 2017 ee vun deenen erfollegräichste Lidder vum Joer. Fir dat Lidd hat d’Band am Joer duerno och e Grammy gewonnen. Den Numm vun der Band Portugal. The Man ass iwweregens komplett zoufälleg entstanen, ouni déiwe Sënn hannendrun. Kee vun de Memberen war bis elo a Portugal an den “The Man” hu si just bäigesat, well et sech bei der Band ëm eng Aart “Alter Ego” handelt.