Haut op engem 17. Juni...

Lauschtert eran!

Genee 10 Joer sinn et haut hier, datt déi lëtzebuergesch Band Eternal Tango mat “Da/Da” fir 3 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. Kuerz nodeems si mat den Aarbechten un hirem 3. Album ugefangen haten, hunn Eternal Tango sech opgeléist. Déi 5 Museker vun Diddeleng si bis haut wuel déi erfollegräichste lëtzebuergesch Band. Mat hirem Song “Golden City” haten si et esouguer an eng Playlist um Musek-Sender MTV gepackt. No bal 7 Joer hunn Eternal Tango d’lescht Joer um Food For Your Senses Festival ganz iwwerraschend hire Comeback ginn.

Haut virun 9 Joer ass en 18-järegen däitschen Hacker, deen ënnert dem Pseudonym DJ Stolen agéiert huet, zu 18 Méint Jugend-Prison verurteelt ginn. Hien hat mat enger spezieller Software onverëffentlecht Lidder vu grousse Stars ewéi Lady Gaga, Justin Timberlake, Leona Lewis, Kesha oder Mariah Carey geklaut an déi online verkaaft. Domat hat hien am Ganze 15.000€ gemaach. Nieft deenen 18 Méint Jugend-Prison krut hien ausserdeem eng Therapie fir seng Internet-Sucht verschriwwen.

An um 17. Juni 2016 hunn d’Red Hot Chili Peppers hiren 11. Studio-Album “The Getaway” erausbruecht. Mat drop ass ënnert anerem den Track “Dark Necessities”. “The Getaway” gouf vum amerikaneschen DJ Danger Mouse produzéiert. Et war domat deen éischten Album säit “Mother’s Milk” vun 1989, op deem d’Band net mam Rick Rubin zesummegeschafft hat. D’Produktioun vum Longplayer hat schonn 2014 ugefaangen, huet awer fir 8 Méint missen ënnerbrach ginn, well de Bassist Flea sech bei engem Snowboard-Accident den Arm gebrach hat. Ewéi d’Red Hot Chili Peppers zeréck am Studio waren, hu si op Wonsch vum Produzent alleguer d’Songs déi si bis dato geschriwwen hate verworf a ganz vu fir ugefaangen.