Haut op engem 18. Juni...

Lauschtert eran!

Um 18. Juni 1977 stounge Fleetwood Mac mat hirer Single “Dreams” un der Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts. Et war hiren alleréischten an och leschten Nummer-1-Hit an den USA. “Dreams” war op der Band hirem 11. Studio-Album “Rumours” drop. Fleetwood Mac ziele mat iwwer 120 Millioune verkaafte Placken zu deenen erfollegräichste Bands aus der Museksgeschicht. Zanter 1998 sinn d’Museker vu London Member an der Rock and Roll Hall of Fame. An deem selwechte Joer krute si fir hir “Outstanding Contribution to Music” och e BRIT-Award.

Haut feiert dann ee vun deene gréisste Museker a Songwriter vun allen Zäite Gebuertsdag, de Sir Paul McCartney kritt 78 Joer. Hien ass als Sänger a Gittarist vun de Beatles bekannt ginn, fir déi hien zesumme mam John Lennon e Groussdeel vun de Lidder geschriwwen huet. Nom Enn vun de Beatles huet de McCartney an den 80er-Joren eng erfollegräich Solo-Karriär gestart an ass och haut nach ëmmer musikalesch aktiv.

An haut virun 2 Joer huet déi US-amerikanesch Band The Offspring hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Zu hire bekanntste Lidder ziele “Pretty Fly (For a white Guy)”, “Days Go By” oder “Self Esteem”. Dëst Joer hätten The Offspring sollten zeréck op Lëtzebuerg kommen. Hire Concert den 9. Juni an der Rockhal gouf awer aus bekannte Grënn ofgesot.