Haut op engem 19. Juni...

Lauschtert eran!

Haut virun 21 Joer stoungen TLC mat hirem Titel “No Scrubs” un der Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker. TLC dat waren d’Tionne “T-Boz” Watkins, d’Lisa “Left Eye” Lopes an d’Rozonda “Chilli” Thomas, en amerikanesche Fraen-Hip-Hop-Trio vun Atlanta. D’Karriär vun der Band war ëmmer erëm duerch Skandaler a finanziell Problemer gepräägt, 1995 hunn déi 3 Musekerinnen esouguer missten d’Faillite erklären. Nodeems si d’Finanzen an de Joren duerno erëm an de Grëff kruten, hunn TLC et  nach eng Kéier probéiert. 1999 huet d’Formatioun dunn den Album “FanMail” erausbruecht, dee ganz séier zu engem groussen Erfolleg ginn ass, virun allem wéinst de Singelen “Unpretty” an eben “No Scrubs”. D’Reunion hat awer net all ze laang ugehalen, 2003 huet d’Band sech wéinst heftegen interne Streidereien opgeléist.

9 Joer sinn et hier, datt Take That et mat “Progress” op d’Eent an de UK-Album-Charts gepackt haten. Mat drop sinn ënnert anerem d’Titele “Kidz” an “The Flood”. “Progress” war zanter 1995 deen éischten Album deen Take That erëm an hirer klassescher Besetzung, zu 5 a mam Robbie Williams, opgeholl hunn. Leider och dee leschten, well nom Release huet de Williams annoncéiert, datt hie pauséiere géif fir sech op seng Solo-Projeten ze konzentréieren.

An haut virun 2 Joer huet d’Shakira hei bei eis zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. D’Shakira konnt de Public mat senger Energie infizéieren an d’Leit waren hellewech begeeschtert. Allerdéngs gouf et deemools och e bësse Kritik, well d’Sängerin relativ vill op Playback zeréckgegraff hat. De Concert krut 4 vu 5 Stären am Eldo-Concertscheck.