Haut op engem 20. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Lionel Richie säin 71. Gebuertsdag. De Richie ass an der 70er-Joren als Member vun der Funk-Grupp The Commodores bekannt ginn. Duerno huet hien och eng Solo-Karriär ugefaangen a mat Lidder ewéi "Hello", "Say You, Say Me" oder eben "All Night Long" grouss Erfolleger gefeiert. Am Laf vu senger Karriär huet de Museker iwwer 100 Millioune Placke verkaaft an ënnert anerem och 4 Grammys gewonnen. Viru kuerzem ass bekannt ginn, datt dem Lionel Richie säi Liewe soll verfilmt ginn. De Biopic soll den Titel “All Night Long” kréien a vun Disney produzéiert ginn. Als Dréibuch-Auteur gouf de Peter Chiarelli engagéiert, dee fir Kino-Hits ewéi "Crazy Rich Asians" oder "Selbst ist die Braut" verantwortlech ass. Deel vum Deal ass och, datt de Museker selwer als Executive Producer täteg wäert sinn.

Haut virun 22 Joer vun der 0 op d’1 an de franséischen Charts: Manau mat “La tribu de Dana”. Manau ass eng franséisch Hip-Hop-Grupp déi 1998 gegrënnt gouf. Si sinn doduerch bekannt ginn, datt si Elementer vun traditioneller keltescher Musek mat moderne Rap-Beats vermëscht hunn. “La tribu de Dana” ass bis haut hire gréissten Hit. E sollt sech deemools 1,5 Millioune Mol verkafen an hat et fir ganzer 12 Wochen op der Eent ausgehalen.

21 Joer ginn et dann haut, datt Jamiroquai mat hirem 4. Studio-Album “Synkronized” un der Spëtzt vun de UK-Album-Charts stoungen. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Supersonic”, “King for a Day” a “Canned Heat”. Jamiroquai hu bis haut ronn 30 Millioune Placke verkaaft. Den Numm vun der Band setzt sech iwweregens aus de Wieder “Jam” an “Iroquois” zesummen. “Jam” steet dobäi fir d’Museks-Richtung an “Iroquois” fir e Stamm vun den Irokesen mat deenen hirer Philosophie sech de Band-Leader Jay Kay identifizéiert.