Haut op engem 21. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert déi US-amerikanesch Sängerin Lana Del Rey säi 34. Gebuertsdag. De groussen Duerchbroch sollt der Musekerin am Dezember 2011 mam Titel “Video Games” geléngen. D’Lidd war op sengem 2. Longplayer “Born to Die” drop, deen 2012 ee vun deene bescht-verkaaften Albe vum Joer war. Deen aktuellen a 6. Studio-Album vum Lana Del Rey heescht “Norman Fucking Rockwell” an ass d’lescht Joer am August erauskomm.

Um 21. Juni 1986 stoungen Genesis mat hirem 13. Album “Invisible Touch” un der Spëtzt vun de UK -Charts. Et war hire 4. Nummer-1-Album a Groussbritannien, dee sech am Ganze fir 96 Wochen an den Charts hale konnt. Och an den USA war de Longplayer erfollegräich, direkt 5 Singelen konnten sech an den Top 5 placéieren. No “We Can’t Dance” ass “Invisible Touch” mat iwwer 15 Millioune Sales deen zweet-erfollegräichsten Album vun der Band. Den Album war entstanen, nodeems Genesis eng Paus ageluecht haten, fir datt d’Memberen sech op hir Solo-Projete konzentréiere konnten. Am Oktober 85 hunn d’Museker sech dunn erëm zesummegedoen an ugefaangen “Invisible Touch” opzehuelen. Als Produzent hate si de Hugh Padgham engagéiert. Hie war an den 80er- an 90er-Joren ee vun deenen aflossräichste Produzenten iwwerhaapt. Ënnert anerem hat hie scho mam Sting a mat Human League zesummegeschafft.

A 27 Joer sinn et hier, datt déi däitsch Band Culture Beat et mat hirem gréissten Hit “Mr. Vain” fir ganzer 9 Wochen op d’Plaz 1 an den däitsche Singles-Charts gepackt hat. Och an 12 anere Länner stoung de Song ganz uewen an den Charts. “Mr. Vain” war 1993 déi meescht-verkaafte Single an Europa.