Haut op engem 22. Juni...

Lauschtert eran!

Um 22. Juni 2002 stoung den hollännesche Museker Tom Holkenborg, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Junkie XL, mat senger Remix-Versioun vum Elvis Presley sengem “A Little Less Conversation” fir 4 Wochen hannerteneen un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts. Och an 8 anere Länner hat de Song et ganz uewen an d’Charts gepackt. Am Original war “A Little Less Conversation” aus dem Joer 1968 a war um Elvis sengem “Almost In Love” drop.

12 Joer sinn et hier, datt Coldplay mat “Viva La Vida” op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoungen. De Song war op hirem 4. Studio-Album “Viva la Vida or Death and All His Friends” drop. Et war deen alleréischten Nummer-1-Hit vun der Band a Groussbritannien. Fir “Viva la Vida” hu Coldplay 2009 och de Grammy fir “Song of the Year” gewonnen. D’Formatioun ronderëm de Chris Martin ass eng vun deenen erfollegräichste Bands aus eiser Zäit, am Ganzen hu si scho knapps 100 Millioune Placke verkaaft.

An op deem selwechten Dag, dem 22.06.2008, huet déi englesch Musekszeitung “Total Guitar” e Song vum Céline Dion zu där “weltwäit schlechtster Cover-Versioun iwwerhaapt” gewielt. D’Sängerin wärend engem Concert zu Las Vegas zesumme mam Anastacia den AC/DC-Klassiker “You Shook Me All Night Long” nei interpretéiert. An der Total-Guitar-Redaktioun war dat anscheinend net esou gutt ukomm, de Cover wier eng “Beleidegung fir d’Musekswelt” gewiescht. Als beschte Cover-Song huet Total Guitar dat Joer dogéint dem Jimi Hendrix’ seng Interpretatioun vum Bob-Dylan-Song “All Along The Watchtower” ausgezeechent.