Haut op engem 23. Juni...

Lauschtert eran!

Haut feiert déi schottesch Musekerin KT Tunstall hire 45. Gebuertsdag. Bekannt  ass si virun allem duerch Lidder “Suddenly I See” an “Dark Horse & The Cherry Tree”.

Och d’Duffy gëtt haut ee Joer méi al, hatt kritt der 36. Bis viru kuerzem hat d’Sängerin sech komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. Dat wéinst enger traumatescher Entféierung. D’Duffy gouf vergewaltegt, ënner Droge gesat a fir e puer Deeg gefaange gehalen. D’Musekerin ass awer aktuell um Wee vun der Besserung an huet virun e puer Deeg esouguer eng ganz nei Single erausbruecht.

An da waren op engem 23. Juni och nach zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. 2013 hu Papa Roach live am Atelier gespillt. An 2 Joer duerno, um 23.06.2015, waren et Motörhead déi de Public an der Rockhal mat hirem Optrëtt begeeschtert hunn.

3 Joer sinn et hier, datt d’Imagine Dragons hiren 3. Album “Evolve” erausbruecht hunn. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Thunder”, “Believer”, “Walking The Wire” a “Whatever It Takes”. Den Album huet an der Musekswelt gemëschte Kriticke kritt. Déi eng hunn “Evolve” als ze kommerziell empfonnt, anerer hunn der Band hir Entwécklung begréisst. Fakt ass awer, datt d’Imagine Dragons mam Longplayer bei de Fans immens grousse Succès haten. “Evolve” hat et op d’Zwee an den amerikanesche Billboard-Charts gepackt a war esouguer fir e Grammy nominéiert.