Haut op engem 24. Juni...

Lauschtert eran!

Haut viru genee 25 Joer stoung de Michael Jackson mat sengem “HIStory – Past, Present and Future Book l” op der Plaz 1 vun de UK-Album-Charts. Den Duebel-Album war engersäits eng Greatest-Hits-Kollektioun a gläichzäiteg dem Jacko säin 9. Studio-Album. Um Greatest-Hits-Deel waren ënnert anerem “Billie Jean”, “Man In The Mirror”, “Bad” oder “Beat It” mat drop, um History-Continues-Deel “You Are Not Alone”, “Earth Song” oder “They Don’t Care About Us”. “HIStory – Past, Present and Future Book l” zielt bis haut zu deene meescht-verkaaften Duebel-Albe vun allen Zäiten. Ausserdeem war d’Reklamme-Campagne fir den Album ze promoten mat engem Budget vun iwwer 40 Milliounen US-Dollar eng vun deenen deiersten iwwerhaapt.

Haut viru 14 Joer stounge Keane mat “Under The Iron Sea” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an de britteschen Album-Charts. Deel vun der Band hirem 2. Longplayer sinn ënnert anerem d’Lidder “Crystal Ball” an “Is It Any Wonder”. Den Titel “Under The Iron Sea” kënnt iwweregens aus enger Text-Zeil vum Track “Crystal Ball”. Doran heescht et: “I’ve lost my heart, I buried it too deep, under the iron sea”. Den Album ass an enger kritescher Phase vu Keane entstanen, déi gepräägt war vun interne Streidereien tëscht dem Sänger Tom Chaplin an dem Pianist Tim Rice-Oxley.

An 8 Joer sinn et hier, datt Maroon 5 an de Wiz Khalifa mam Titel “Payphone” op der Eent a Groussbritannie stoungen. Fir “Payphone” haten d’Kënschtler mat de Produzenten Shellback a Benny Blanco zesummegeschafft, déi do virdrun ënnert anerem schonn déi weltwäit Hit-Single “Moves Like Jagger” produzéiert haten.