Haut op engem 25. Juni...

Lauschtert eran!

Haut ass deen 11. Doudesdag vum Michael Jackson. 18 Deeg ier seng Ofschloss-Tournée mam Titel “This Is It” ufänke sollt, ass de Museker un enger Iwwerdosis vum Narkose-Mëttel Propofol gestuerwen. Den Jackson ass ee vun deenen erfollegräichste Museker vun allen Zäiten a gëtt op Grond vu senge Verdéngschter fir d’Musek als “King of Pop” betitelt.

Gebuertsdag hätt dann haut den George Michael gefeiert. Bekannt ginn ass hien als Member vu Wham! an duerno och als Solo-Artist. Zu senge groussen Erfolleger zielen “Wake Me Up Before You Go-Go”, “Last Christmas”, “Careless Whisper” a “Faith”. Am Alter vun 53 Joer ass den George Michael op Chrëschtdag am Joer 2016 gestuerwen.

3 Joer sinn et hier, datt d’Katy Perry mat “Witness” un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts stoung. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Bon Appétit” an “Chained To The Rhythm”. Viru kuerzem huet d’Sängerin, dat aktuell schwanger ass, mat “Daisies” déi éischte Single vu sengem neien a mëttlerweil 5. Studio-Album erausbruecht. De Longplayer huet nach keen Titel a soll de 14. August erauskommen.

An um 25. Juni d’lescht Joer ass wärend engem P!nk-Concert zu Liverpool an England e Bëbee op d’Welt komm. Bei engem weibleche Fan hate beim Optrëtt d’Wéien agesat. D’Fra war vun de responsabelen Dokteren an den Éischt-Hëllef-Raum vum Stadion bruecht ginn an huet do e gesond Kand gebuer. De Puppelchen gouf iwweregens och nom P!nk benannt. D’Sängerin war deemools mat senger Beautiful Trauma World Tour ënnerwee. D’Tournée huet iwwert e Joer laang gedauert an am Ganzen 159 Concerten ëmfaasst.