Haut op engem 26. Juni...

Lauschtert eran!

Nieft dem Triangel ass den Tamburin warscheinlech dat meescht-ënnerschaatsten Instrument iwwerhaapt. Mee wat ass esou besonnesch dorun, datt een dem onscheinbaren Instrument esouguer e Song widmet? Als Äntfert op déi Fro géif de Bob Dylan soen: “Ech hu kee Message, ech schreiwen Texter a fäerdeg!”. Ier de Meeschter selwer de “Mr. Tambourine Man” awer op eng Plack bruecht hat, duerften The Byrds d’Lidd ophuelen. A mat hirer Versioun vum Song stoungen si um 26. Juni 1965 op der Eent an den amerikanesche Singles-Charts. The Byrds waren an de 60er- an an de fréie 70er-Joren eng vun deenen aflossräichste Gruppen an der Folk- a Country-Rock-Zeen. Och de Bob Dylan war vun hinnen iwwerzeegt, well si frësche Wand erabruecht hunn. Dat war och de Grond firwat hien d’Band gefrot hat de Song virun him opzehuelen.

Haut virun 21 Joer stoungen d’Vengaboys mat “Boom, Boom, Boom, Boom” un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts. D’Vengaboys sinn e Projet vun deenen zwee hollänneschen DJs Danski an Delmundo. Si hunn ugefaangen als Underground-Museker an hunn op verschiddene spuenesche Stränn illegal Partyen organiséiert.

An 8 Joer sinn et hier, datt d’Carly Rae Jepsen an Owl City d’single “Good Time” erausbruecht hunn. D’Lidd sollt e weltwäite kommerziellen Erfolleg ginn. An iwwer 10 Länner ass “Good Time” zum Nummer-1-Hit gin.