Haut op engem 27. Juni...

Lauschtert eran!

Um 27. Juni 2004 hunn Die Fantastischen Vier hir Single “Troy” erausbruecht. D’Lidd war op hirem 6. Studio-Album “Viel” drop, deen et an Däitschland op d’Plaz 2 an den Charts gepackt hat. D’Fanta Vier gehéieren zesumme mat Advanced Chemistry zu deenen éischten däitschen Hip-Hop-Gruppen. Am Joer 1992 hu si mat der Single “Die da!?!” bundeswäit Opmierksamkeet erreecht an de Genre beim breede Public beléift gemaach. Bis haut hunn d’Rapper am Ganzen 10 Longplayer erausbruecht. Zanter 2014 sëtzen de Smudo an de Michi Beck iwweregens an der Jury vun där däitscher Editioun vun “The Voice” a konnten d’Casting-Show schonn zwee Mol gewannen.

11 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Black Eyed Peas mat “The E.N.D.” un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts stoungen. Et war der Band hire 5. Longplayer an definitiv hire funkegsten. Fir d’Produktioun hat d’Band, deemools nach an der Ideal-Besetzung mam Fergie, de franséischen DJ David Guetta engagéiert. Och d’Singele vum Album waren immens erfollegräich. “Boom Boom Pow” stoung 12 Wochen hannerteneen ganz uewen an den US-Billboard-Charts a gouf ofgeléist vun engem weidere Black-Eyed-Peas-Hit “I Gotta Feeling”, deen et 14 Wochen op der Eent aushale sollt. Am ganzen huet d’Grupp also 26 Woche laang d’Charts dominéiert.

An haut viru 5 Joer stoung de Lost Frequencies mat “Reality” fir 4 Wochen op der Plaz 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker. Och an iwwer 10 anere Länner konnt “Reality” d’Plaz 1 vun den Charts erueweren.