Haut op engem 28. Juni...

Lauschtert eran!

Haut viru 34 Joer stounge Wham mam Titel “The Edge of Heaven” fir 2 Wochen un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts. D’Lidd war um Compilatioun-Album “The Final” drop an handelt vun enger frustréierender Bezéiung. De Piano-Part um Song huet iwweregens den Elton John gespillt. Op Grond vum George Michael sengem Wonsch sech als Solo-Kënschtler ze versichen, hate Wham am Fréijoer 86, kuerz virum Release vun “The Edge of Heaven” hir Trennung bekannt ginn. Virun 72.000 Leit hate si am Wembley Stadium hiren Abschid gefeiert.

17 Joer sinn et dann hier, datt déi Düsseldorfer Formatioun Frank Popp Ensembel mat “Hip Teens Don’t Wear Blue Jeans” fir 2 Wochen op der Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker. Wéi alleguer d’Releases vun der Band war de song am Soul-Stil vun de 60er-Jore gehalen. D’Lidd ass iwwert eng Coca-Cola-Reklamm an Däitschland bekannt ginn.

An um 28. Juni 2018 war d’Louane live bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier. Déi franséisch Sängerin ass duerch eng ganz Rëtsch Casting-Shows bekannt ginn. Ënnert anerem hat hatt bei “Dazzling Smile”, “L’école des stars” a bei där franséischer Editioun vun “The Voice” matgemaach a war do mat 16 Joer esouguer déi jéngst Participante. Direkt mat sengem Debut-Album “Chambre 12” konnt d’Louane den Duerchbroch feieren, virun allem wéinst der Single “Avenir”. Nodeems et méintelaang roueg ëm d’Sängerin war, huet hatt viru kuerzem iwwert säin Instagram-Account annoncéiert, datt hatt un engem neien Album schafft.