Haut op engem 29. Juni...

Lauschtert eran!

Haut viru 7 Joer stoung de Macklemore zesumme mam Ray Dalton op der Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker. Dat mat hirem Song “Can’t Hold Us Down”. D’Lidd war um Macklemore sengem Album “The Heist” drop. Do sinn ënnert anerem och nach “Thrift Shop”, “Same Love” oder “White Walls” drop.

Ee Joer duerno, um 29.06.2014, hat den Ed Sheeran et mat sengem 2. Studio-Album “x (Multiply)” op d’Plaz 1 a Groussbritannie gepackt. Um Longplayer ze fanne sinn d’Lidder “Photograph”, “Thinking Out Loud”, “Don’t” oder “Sing”. Dat sollt iwweregens dem Sheeran säin alleréischten Nummer-1-Hit an de britteschen Charts ginn. Mat iwwer 430 Millioune Streams eleng an deem Joer sollt “x (Multiply)” 2014 dee meescht-gestreamten Album vum Joer ginn.

A mir bleiwen op der brittescher Insel: Haut virun 2 Joer hat den George Ezra et mat “Shotgun” un d’Spëtzt vun de UK-Singles-Charts gepackt. Zesumme mat Lidder ewéi “Pretty Shining People”, “Don’t Matter Now” oder “Hold My Girl” war “Shotgun” um Ezra sengem 2. Longplayer “Staying At Tamara’s” drop.

An op engem 29. Juni waren och nach zwee grouss Concerten hei zu Lëtzebuerg. 2011 war de Santana am Atelier an am Joer drop de brittesche Singer-Songwriter Ben Howard.