Haut op engem 30. Juni...

Um 30. Juni 1975 huet d’Police d’Haus vum Neil Diamond op Drogen duerchsicht. Si hunn zwar wuel eppes fonnt, mee net genuch fir de Museker festzehuelen. Als Trouscht huet hien hinnen e puer Placke vu sech geschenkt. Mat iwwer 125 Millioune verkaafte Placken ass den Neil Diamond ee vun deenen erfollegräichste Kënschtler iwwerhaapt. De Singer/Songwriter vu Brooklyn hat virun allem an de spéide 60er- an an de 70er-Joren grousse Succès mat Lidder ewéi „Cracklin’ Rosie“, „Song Sung Blue“ oder „Sweet Caroline“. Den Diamond huet awer och Hits fir aner Bands geschriwwen, ënnert anerem „I’m A Believer“ fir d’Monkeys.

19 Joer sinn et haut hier, datt d’Christina Aguilera, d’Lil Kim, d’Mya an d’Pink mat „Lady Marmelade“ un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts stoungen. Am Original war d’Lidd am Joer 1975 en Hit fir d’Girl-Group Labelle. 2001 gouf „Lady Marmalade“ als Soundtrack fir de Film „Moulin Rouge“ vum australesche Regisseur Baz Luhrmann nei opgeholl. De Song sollt weltwäit ganz fir an den Charts stoen an och dem Film zu groussem Erfolleg verhëllefen. Am Joer duerno haten déi véier Damme fir „Lady Marmalade“ och e Grammy-Award gewonnen.

An haut viru 7 Joer hat den Tom Odell et mat sengem Debut-Album „Long Way Down“ op d’Eent a Groussbritannie gepackt. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder „Can’t Pretend“, „Grow Old With Me“ oder „Another Love“. Den Tom Odell gouf iwweregens vum Lily Allen entdeckt, ewéi hie mat senger Band a verschiddene Locations zu London gespillt huet. D’Sängerin huet den Odell dunn op sengem eegene Label „In The Name Of“ ënner Vertrag geholl.