Haut op engem 1. Juli...

Lauschtert eran!

Et sinn haut 6 Joer hir, datt Iron Maiden hei bei eis zu Lëtzebuerg waren. Si hätten u sech sollten an der Rockhal spillen, mä well de Concert schonn no 2 Stonnen ausverkaf war an d’Nofro fir d‘Tickete riseg war, ass den Event op d‘Réiser Herchesfeld verluecht ginn. Do war um Weekend virdrun de Rock a Field Festival, esou datt en Deel vum Equipement stoe bleiwe konnt. Um Enn ware keng 6.000 Leit dobäi, mä 12.000.

D‘Plaz 1 an den däitschen Charts haut viru 24 Joer goung un d‘Fugees mam Song „Killing Me Softly“. Fir d’Lidd, dat et 9 Wochen op der Plaz 1 aushale sollt, krut d’Formatioun am Joer duerno och e Grammy Award. Am Original war de Song vum Charles Fox an dem Normal Gimbel aus dem Joer 1971. D’Fugees, dat waren de Wyclef Jean, d’Lauryn Hill an de Pras Michel – eng vun deene bekanntsten Hip-Hop-Gruppen aus den 90er-Joren.

An um 1. Juli 2009, knapps eng Woch no sengem Dout, huet de Michael Jackson d’Top 10 vun den amerikaneschen Album-Charts regéiert. Op der Eent stoung „Number Ones“, dem Jacko säin éischte Greatest-Hits-Album mat Lidder ewéi „Billie Jean“, „Beat It“, „Rock With You“ oder „Smooth Criminal“. De Podium gouf completéiert duerch „The Essential Michael Jackson“ op der Zwee a „Thriller“ op der Plaz 3. Och vun de Plaze 4 bis erof op d‘9 stounge 5 weider Albe vum King of Pop. Ënnert anerem „Bad“, „The Wall“ oder „Dangerous“.