Haut op engem 2. Juli...

Lauschtert eran!

Haut virun 32 Joer hat déi amerikanesch Singer/Songwriterin Tracy Chapman et mat hirem Debut-Album op d’Plaz 1 a Groussbritannie gepackt. De Longplayer war no der Musekerin benannt, mat drop ware seng grouss Hits “Fast Car” an “Talkin’ Bout a Revolution”. Den Album war 4 Woche virdrun duerch en Optrëtt um Nelson Mandela senger 70. Gebuertsdagsparty am Wembley Stadium zu London populär ginn, do hat d’Sängerin nämlech direkt zwee Mol gespillt. E wichtege Bestanddeel vum Stevie Wonder sengem Equipement, deem eigentlechen Haapt-Act vum Owend, hat nämlech gefeelt an dofir konnt hien net optrieden. Doropshin ass d’Tracy Chapman op d’Bün gaangen an huet zwee Lidder vum Album akustesch gespillt. D’Verkafszuele vum Longplayer sinn duerno explodéiert.

37 Joer sinn et dann hier, datt den David Bowie mat “China Girl” op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoung. “China Girl” ass vum amerikanesche Museker Iggy Pop an dem Bowie wärend hire Joren zu Berlin geschriwwe ginn. De Song war fir d’éischt um Pop sengem Solo-Debut-Album “The Idiot” aus dem Joer 77 drop. Richteg bekannt ginn ass “China Girl” awer eréischt 1983 als zweet Single-Auskopplung vum David Bowie sengem kommerziell-erfollegräichsten Album “Let’s Dance”.

An um 2. Juli 2017 hat d’Lorde et mat “Melodrama” op d’Plaz 1 vun den US-Album-Charts gepackt. Mat drop sinn d’Lidder “Liability”, “Green Light” a “Perfect Places”. De Kënschtlernumm Lorde ass iwweregens op der Sängerin hiren Interessi fir Aristokratie a Kinnekshaiser zeréckzeféieren.